Actualité

éischt Hëllefcoursen

ÉISCHT HËLLEF COURS

D'Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Gemengeverwaltung Rouspert-Mompech en Éischt Hëllef Cours.

Dëse Cours ass gratis a gëtt a lëtzebuergescher Sprooch ofgehaalen.

Umelden kënnt Dir Iech den 1.Owend am Cours.

Dëse Cours fänkt un:

Méindes, den 12. März 2018 um 19.00 Auer

an der Hierber Scheier,

2 A Wiewesch zu Hierber (Herborn).

De Programm vun dësem Éischt Hëllef Cours fannt Dir op der Récksäit.

Weider Informatiounen kritt Dir gären ënnert www.112.lu.


WIDDERHUELUNGSCOURS AN ÉISCHTER HËLLEF

D'Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Gemengeverwaltung Rouspert-Mompech en Widderhuelungscours an Éischter Hëllef Cours vun 4 x 2 Stonnen.

Dësen Cours ass gratis a gëtt a lëtzebuergescher Sprooch ofgehaalen.

Umelden kënnt Dir Iech den 1. Owend am Cours.

Dësen Widderhuelungscours geet un:

Dënschdes, den 27.02.2018 um 20.00 Auer

am Pompjeesbau,

5 um Salzwaasser zu Bur.

Weider Informatiounen kritt dir op www.112.lu