Actualité

Nationalfeierdag 2018

Samschdeg, den 23. Juni 2018 zu ROUSPERT beim Gemeeneschlass

Léif Matbiergerinnen a Matbierger aus der Gemeen Rouspert-Mompech,

heimat sidd Dir ganz häerzlech invitéiert un den Festlechkeete vun

eisem Nationalfeierdag, Samschdeg, den 23. Juni 2018 zu

Rouspert deelzehuelen.

Programm:

10.30 Auer - Rendez-vous beim Reemerhoof zu Rouspert

10.40 Auer - Cortège mat de Museke vu Bur, Hierber, Rouspert an Uesweller

11.00 Auer - TE DEUM zu Rouspert an der Kierch mat de Gesangsveräiner vu Bur-Méischdref, Hierber, Mompech, Steenem a Rouspert-Uesweller

- uschléissend offiziellen Deel beim Schlass mat Usprooch vum Buergermeeschter Romain Osweiler

- Musikalesch begleet vun de Sauerquakerten

- Parkfest mat Musek a Sprangschlass

De Schäfferot
Romain OSWEILER
Stéphanie WEYDERT
Patrick HIERTHES
Joseph SCHOELLEN