Dernière modification : 21 novembre 2019 à 15:03

Mir erënneren eis un déi schrecklech Zäit vun der Nazi-Occupatioun an un all déi Leit déi deemools hiert Liewe fir eis Fräiheet hu misste loossen. 

Donneschdeg, 12. Dezember 2019 │ Centre Culturel "a Lannen" │ 19.00 Auer:

Ausstellung
FRONTG​​EBITT

D'Dierfer aus der Gemeng Rouspert-Mompech vu September 1944 bis Mäerz 1945

Ouverture vun der Ausstellung „Frontgebitt"

-Virstellung vun der Ausstellung vum CEBA (Cercle d'Études sur la Bataille des Ardennes)

-Musikalesch Begleedung vum Cello-Ensemble vun der regionaler Musekschoul vun Iechternach

D'Ausstellung ass u folgenden Datumer fir de Public vun 14°°-17°° Auer op!

21./22. Dezember 28./29. Dezember 4./5. Januar 11./12. Januar

nocturne den 10. Januar 2020 vun 18°°-21°° Auer◄


 

Uesweller, Duerfplaz

Virstellung vum Buch „Mir musse fort"

erausgi vum Service historique vun der Gemeng Rouspert-Mompech

 

Sonndeg, 15. Dezember 2019 │ Uesweller │ 10.00 Auer │ 17.00 Auer

HOLD THE LINE

Nightvigil

10.00 Auer

-Gedenkminutt mat de Reserveoffizéier beim Monument am ënneschten Duerf

10.30 Auer

-Mass, encadréiert vun der Chorale Rouspert/Uesweller

11.30 Auer

-Nidderleeë vun enger Gerbe beim Monument bei der Schoul. D'Sonnerie gëtt vun zwee Memberen vun der Militärmusek gespillt.

​17.00 Auer - Duerfplaz

-„Reenactment" duerch d'2nd Armored in Europe - living history a Presentatioun vun historesche Gefierer

-Fakelzuch a Richtung „Schlammfuer" an Ufänke vun engem grousse Feier

-Um Wee zréck an de Centre Culturel „a Lannen" ginn zwou Projektioune gewisen

-D'Gemeng Rouspert-Mompech invitéiert op e Patt​

Non
Non