Actualité

Dampmelder

Den 1. Januar 2020 ass den DAMPMELDER

obligatoresch ginn


De 19. November 2019 ass dat neit Gesetz zu der Dampmelderpflicht an der Chamber gestëmmt ginn.​
Dëst Gesetz ass den 1. Januar 2020 a Kraaft getrueden a bezitt sech op di obligatoresch Installatioun vun Dampmelder a Gebaier déi op mannst eng Wunneng enthalen.
Ab dem 1. Januar ass esou mat d’Ubrénge vun Dam​pmelder an Neibauten obligatoresch. D’Dampmelder mussen dann um Niveau vun Ausgäng an a Schlofkummeren ubruecht ginn. An 3 Joer wäert d’Dampmelderpflicht vir all Haushalt am Land gëllen.​

Weider Informatiounen - www.rauchmelder.lu