Actualité

Europadag zu Rouspert op der Grenzbréck

​Samschdes, den 9. Mee 2020 sinn zu Rouspert op der Grenzbréck d'Europafändelen, déi op Hallefmast gesat goufen, nees erop gezunn ginn. 

35 Joer nom Ofkomme vu Schengen hunn sech sämtlech Gemengen aus Lëtzebuerg an déi aus der Grenzregioun een Zeeche fir en staarkt Europa mat oppene Grenzen gesat. 

Am Kader vun der Initiative "Fir en Europa mat oppene Grenzen" goufen um 11 Auer d'Europafändelen op den Grenzbrécken nees erop gezunn. dëse symboleschen Akt fir Europa gouf mat Virliesen vun enger Deklaratioun zu Rouspert op der Grenzbréck ënnerstrach. 

Fotoen fannt dir hei: www.rosportmompach.lu/Europadag​