Actualité

Home Expo - Actioun myenergy

​​Vum 12. bis den 20. Oktober 2019 fënnt d'Home Expo statt.

An der Hal 9 vun der Semaine nationale du Logement um Stand 9B12 kënnt Dir Iech direkt bei myenergy iwwer Renovéierungs-, Bau- oder nohalteg Mobilitéitsprojeten informéieren a berooden loossen.

Fir Iech bei Ärem Projet op einfach a spillerech Art a Weis ze hëllefen, gouf d'App "myrenovation" entwéckelt. Si erméiglecht direkt déi staatlech oder kommunal Beihëllefen fir Äre Renovéierungsprojet simuléiert ze kréien.

Maacht eppes fir eise Planéit! An dëser Woch (an just an dëser Woch) planzt myenergy an Zesummenarbecht mam Veräin "Hëllef fir d'Natur" fir all Download vun der App een Bam zu Lëtzebuerg!