Actualité

Informatioun zu der Initiative „Fir en Europa mat oppene Grenzen“

Samschdes, den 9. Mee 2020, ginn d'Europafändelen, déi als Protest géint Grenzschléissungen a Kontrollen op Hallefmast gesat goufen, nees erop gezunn.

Um Europadag, 35 Joer nom Ofkomme vu Schengen, bedeelegen sech sämtlech Gemengen aus Lëtzebuerg an déi aus der Grenzregioun un dëser Aktioun. Och de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Rouspert-Mompech wëll zesumme mat de Kolleege vun den Ortsgemeinden Ralingen a Langsur een Zeeche fir en staarkt Europa setzen.

Am Kader vun dëser Initiative ginn um 11 Auer d'Europafändelen op den Grenzbrécken nees erop gezunn. Dëse symboleschen Akt fir Europa gëtt mat Virliesen vun enger Deklaratioun zu Rouspert op der Grenzbréck ënnerstrach.