Actualité

Invitatioun Chreschtuucht 2019

​Chrëschtuucht 2019

 

Samsdes, de 14. Dezember 2019 um 11 :45 zu Steenem am « Fräihof »

 

All Matbierger vu 60 Joer u sinn heimat häerzlechst invitéiert op déi tradidionell Chrëschtuucht 2019, déi d'Gemeng Rouspert-Mompech an Zesummenaarbecht mat der Sport- a Familljekommissioun organiséiert.


Programm vun der Chrëschtuucht 2019:


12:15 Auer: Concert Apéro mat der Solistin VERONIKA Ligeti


Nom Mëttegiessen:


15:30 Auer: Concert an 2 Deeler mat de klengen an groussen SAUERQUAKERTEN (Musikalesch Leedung: Marion Zeimes an Charel Conrad, Piano: Véronique Feltes an Claire Heusbourg).

Jidderee kritt en Textheft fir mat ze sangen.

 

Aus organisatoreschen Grënn ginn d'Umeldunge bis den 6. Dezember bei der Madamm Danka Klimek (730066-209) op der Gemeng ugeholl.

 

Mir wënschen Iech elo schonn e gemittlechen Nomëtteg, schéin Feierdeeg, all Guddes fir d'Joer 2020 a besonnesch eng ganz gutt Gesondheet.

De Schäffen- a Gemengerot

An Zesummenaarbecht mat der Sport- a Familljekommissioun