Actualité

Medikamenter - Wouhin?

​​Medikamenter gehéieren net an Hausoffall, Toilette oder Lavabo. 

Hëlleft mat, datt ofgelafen an ongenotzt Medikamenter op eng ëmweltfrëndlech Aart a Weis entsuergt ginn an net iwwer den Reschtoffall oder Ofwaasser eis Ëmwelt gefäerden.  

D'SuperDrecksKëscht bitt Iech d'Méiglechkeet un, am Recyclingspark ofgelafen Medikamenter an Kosmetikartikel ofzeginn. 

Weider Informatiounen fannt Dir hei: www.sdk.lu/medi