Actualité

Mobilitéitswoch - Lancement vum carboncounter.lu

​Dës Woch gëtt eng vum MIT a mat der Ënnerstëtzung vu myenergy op de lëtzebuergesche Maart adaptéiert Versioun vun der Vergläichsplattform carboncounter lancéiert: carboncounter.lu

​Dëse Programm informéiert d'Notzer iwwert d'CO2-Emissiounen an d'Energieeffizienz vun de Gefierer déi um lëtzebuergesche Maart erhältlech sinn. D'Donnéeë sinn neutral a ginn no der unerkannter wëssenschaftlecher Method vum MIT ausgewäert. Esou kënnen d'Notzer sech hier eege Meenung iwwert d'Gefier bilden dat si kafe wëllen, esou wéi iwwert seng Motoriséierung. 

Et handelt sech ëm e neutralt Vergläichsportal dat de Privatpersounen net nëmmen erméiglecht, sech unhand vun hire Kaf-Critèren iwwert déi verfügbar Modeller z'informéieren, mä och hier Recherche un hier Notzungsgewunnechten unzepassen. 

Weider Informatioune fannt Dir op: 

http://www.myenergy.lu/fr/particuliers/mobilite/empreinte-ecologique

https://www.myenergy.lu/fr/carboncounter-lu

Dir kënnt Iech och den Animatiounsvideo fir weider Erklärungen ukucken: 

www.youtube.com/carboncounter