Actualité

Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall

Woch vum Natur- & Geopark

Am Kader vun der europäescher Geopark-Woch luet och de Natur- & Geopark Mëllerdall (kuerz NGPM) Grouss a Kleng dozou an, vun der Geleeënheet ze profitéieren de Lëtzebuerger Natur- & Geopark z'entdecken. Fir d'Aarbechtsberäicher vum NGPM engem breede Public ze presentéieren, an am Hibléck op eng erneit Kandidatur fir Member ze ginn vum internationalen UNESCO Global Geopark Netzwierk, ass een ofwiesslungsräiche Programm zesummegestallt ginn.

 

Lass geet et Méindes, de 25. Mee um 19 Auer mat engem offiziellen Optakt, op dee jiddereen häerzlech agelueden ass. Z'entdecke gëtt et eng beandrockend Fotosausstellung, spannend Informatiounen iwwer d'Regioun vu verschiddenen Experten an eng weider Iwwerraschung, déi mir elo nach net verroden. Dësen interessanten Owend op der Fielser Buerg ass gratis. Ëm Umeldung am Virfeld gëtt awer aus organisatoresche Grënn gebieden.

Vun Dënschdes bis Freides kréien d'Schoulklassen d'Méiglechkeet de Natur- & Geopark Mëllerdall a Form vu verschiddene prakteschen Atelieren z'erliewen.

 

Freides, den 29. Mee gëtt et eng spannend Quiz Night zu Bäerdref am Centre Culturel „A Schmadds". Hei gi selbstverständlech net just Froen zum Natur- & Geopark Mëllerdall gestallt, mee och d'Wëssen iwwer d'Regioun ënner d'Lupp geholl. Fir un dësem besonneschen Owend kënnen deelzehuelen, muss een sech am Virfeld, an Ekippen vu 5 Persounen, umellen. D'Participatioun ass gratis a mat bësse Chance hëlt d'Ekipp dann nach ee flotten, regionale Präis mat Heem.

 

Ofgeschloss gëtt d'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall Samschdes, den 30. Mee mat enger Porte Ouverte am Gaart an am Haus vum NGPM zu Beefort. Hei waarden eng Partie flott Atelieren op Grouss a Kleng. Dëst ënnert anerem zu Themen ewéi Zero Waste an Upcycling, mee och aus deene verschiddenen Aarbechtsberäicher vum NGPM. Entdeckt bei dëser Geleeënheet eis Raimlechkeeten a léiert d'Ekipp kennen, déi sech mat Häerz fir eng nohalteg Entwécklung vun der Regioun asetzt. Donieft suerge regional Spezialitéite fir ee gelongene Mëtteg.

Weider Informatiounen fannt Dir hei: 

Annonce - Woch NGPM.pdf

https://www.naturpark-mellerdall.lu/event/natur-geoparkwoche