Actualités

Solar Car Challenge

Bass du tëscht 14 an 20 Joer an hues Loscht op Technik, Teamwork an eng spannend Course? Da mell dech mat denger Ekipp bis den 27. Juni 2025 nach un.

Nom Umelle kriss du e gratis BAusaz mat de wichtegste Stécker fir e klenge Solarauto. De Chassis muss dir an der Ekipp (min. 2 Persounen) selwer bauen. Dir hutt e puer Wochen Zäit fir d'Gefier ze bauen, ze testen an ze verbesseren. Um Renndag, Freides den 18. Juli (11 - 15 auer) geet et dann an de Funpark. Hei trieden déi verschidden Autoen a 4 Disziplinne géinteneen un:

  • Vitesse
  • Technik
  • Kreativitéit
  • Geschécklechkeet.

Pro Disziplin ginn et 200 Euro ze gewannen. Mellt Iech iwwer "environnement@mertert.lu" mam Numm vun der Ekipp, mam Numm an Alter vun de Memberen a mat den E-Mail-Adresse un. D'Plazen si limitéiert.

Eng Initiativ vum Klimapakt-Team vun der Gemeng Mäertert