Schoulbuet
🇱🇺 Léif Kanner, Léif Elteren,
D’Summervakanz geet op en Enn an et ass nees Zäit fir un d’Schoulrentrée ze denken! De Schäfferot ass dofir frou Iech déi nei Ausgab vum Schoulbuet fir d’Schouljoer 2025/2026 presentéieren ze kënnen. Dir fannt wéi gewinnt och an dëser Editioun all wichteg Informatiounen iwwer de Schoultransport, de Fonctionnement vun der Schoul an der Maison-Relais.
Fir d’Sécherheet wärend der Bauphase beschtméiglech ze garantéieren, sinn e puer Moossnamen ëmgesat ginn:
- eng nei Busspuer ass amenagéiert ginn. D’Kanner ginn direkt virun der Schoul aus dem Bus gelooss;
- de gesamte Schoulwee vum Busarrêt bis an d’Schoulgebai huet een Iwwerdaach;
- déi nei „Kiss & Go“ Zone ass iwwert déi nei Busspuer erreechbar.
Weider Informatioune fannt Dir um Infoblaat.